Um SonndegArtikelen op der Kommiouns-Lëscht: Tablet méi populär wéi de Rousekranz

Diana Hoffmann
Eng Partie Kanner uechtert Land feieren e Sonndeg hir éischte Kommioun. Dësen Dag steet dacks och mat Beschenkt-ginn a Relatioun.
Artikelen op der Kommiouns-Lëscht: Tablet, méi populär wéi de Rousekranz
Eng Partie Kanner uechtert Land feieren e Sonndeg hir éischte Kommioun. Dësen Dag steet dacks och mat Beschenkt-ginn a Relatioun.

D’Kommioun - eng wichteg Etapp am Liewe vun engem Katholik tëscht 8 an 9 Joer. Den Trend, fir fir dëst Fest eng Kommiouns-Lëscht opzestellen, géing awer ofhuelen, seet de Bruno Scadamaglia, Responsabele vum Multi Tecc, wou d’Lëschten hannerluecht sinn. Rousekränz, Bibel, Beauty case oder Bicher verschwannen ëmmer méi aus der Opzielung. “Haut gëtt et eng Tendenz fir Luxus-Kaddoen. Tabletten, Handyen. Saache mat héije Präisser”, erzielt de Bruno Scadamaglia. Vun dësen deiere Kaddoe kafen d’Leit, déi e Geschenk wëlle maachen, da jee een Deel, bis se bezuelt sinn.

Natierlech géingen et och haut nach Lëschten ouni Elektronikartikele ginn. Ma och souer mat méi kuriéise Saachen, wéi zum Beispill groussen Tëleeën. Hei hätten d’Vendeure sech deen Ament gefrot, op dës net éischter fir d’Stuff geduecht wier an déi kleng Tëlee da fir d’Kand. “Mir haten awer d’lëecht Joer och eng Damp-Zentral fir d’Streck ze maachen op enger Lëscht”, erënnert sech de Bruno Scadamaglia.

Portmonnien, Aueren, Bracelet - virun enger 20 Joer nach voll am Trend. An haut? “Dëst Joer hu mer manner Demande”, seet d’Vanessa Sacchet, Verkeeferin am Cado Shop. Ma d’Clientë géingen ëmmer nach Bijouen a Bijouskëschte froen.

Nieft de Kaddoe gehéiert fir d’Kommioun dacks e schéine Kuch op den Dësch. Ënnert de Kuche-Klassiker wier de Cake d’Agneau oder de Bamkuch, fir am klengen oder am grousse Krees ze feieren. Awer och hei bei der Demande: Tendenz no ënnen. “Et gi vill manner Kommiouns-Kuche bestallt, dat ass sécher. Zanter datt keng Relioun méi an der Schoul gemaach gëtt, gi vill manner Kommioune gefeiert”, seet Véronique Jaerling, Responsabel fir d’Bakstuff.

Joerhonnerten al ass d’Traditioun vun der éischter Kommioun. D’Fest ronderëm verännert sech awer, wéi sou dacks, mat de Besoine vun der Zäit.

Back to Top
CIM LOGO