
Wéi de CGDIS e Freideg den Owend a sengem Bulletin matgedeelt huet, waren de Samu vun Esch, d’Ambulanze vun Esch a Suessem-Déifferdeng an d’Pompjeeë vu Käerjeng op der Plaz.
Ee weideren uergen Accident gouf et dann um 15.52 Auer zu Nidderkuer an der Péitenger Strooss. Hei gouf eng Persoun blesséiert, wéi zwee Autoen aneneegerannt waren. Hei waren d’Pompjeeën an d’Secouriste vu Suessem-Déifferdeng an den Noutdokter vun Esch am Asaz.
Iwwerdeems war et géint 11.10 Auer op der A13 zu engem Accident tëscht Suessem an der Industriezon Gadderscheier komm. D’Secouristen an d’Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng a Käerjeng hu sech hei ëm zwou blesséiert Persoune gekëmmert.
A géint 11.50 Auer hate sech 2 Autoen an der Lëtzebuerger Strooss zu Esch ze pake kritt. Hei gouf et ee Blesséierten. D’Ambulanz vu Schëffleng an d’Pompjeeë vun Esch waren op der Plaz.