
En Donneschdeg de Moie gouf dësen an der Stad presentéiert, ma d’ Visiteuren konnten och kucken, wéi den Dictionnaire am Alldag an de Course vun der Asti gebraucht gëtt.
Vun Tigrigna huet een hei am Land u sech nach net vill héieren. Dës Sprooch gëtt virun allem an Erithrea an ënnert Anerem och an Ethiopien geschwat. Vu knapp 800 Asyldemanden tëscht Januar an Abrëll waren et der 273 aus Erithrea. Deen éischten Dictionnaire ass et awer net, erkläert d’Laura Zuccoli, d'Presidentin vun der Asti: "Deen éischten Dictionnaire, dee mir erausginn hunn, dat war Lëtzebuergesch – Franséisch – Arabesch. Duerno hu mir Farsi, dat ass déi Sprooch, déi geschwat gëtt am Iran an am Afghanistan. Dat hei ass deen Drëtten, woubäi mir jo eng gutt Nues haten, fir deen elo erauszebréngen, well mir effektiv elo feststellen, datt de Gros – iwwer 1/3, bal 40% - vun deenen Demandë fir d’Protection Nationale eben aus Erithrea kommen."
Iwwer knapp 130 Säite verdeelt, fënnt een d’Iwwersetzungen, Verbe mat de Konjugatiounen an e klenge Volet mat Informatiounen iwwer Lëtzebuerg. Well déi tigrinesch Sprooch sech awer relativ staark vum Lëtzebuergeschen an dem Franséischen ënnerscheet, u sech mol keen Alphabet huet, konnt ee just nom franséischen Alphabet fueren. Och géif et verschidde Versioune vum geschriwwenen Tigrigna ginn, wat d’Saach net vereinfacht huet, esou den André Soares, Co-Auteur vum Dictionnaire: "Mir hu mat verschiddene lokale Leit geschafft, mat Refugiéen, déi hei am Land unerkannt sinn. Dräi Leit am Fong a si hunn déi ganz Traductioun op klassesch Tigrigna gemaach, si haten och Problemer. De Contenu war méi einfach, well mir hunn alles op Franséisch gemaach, den Dictionnaire-Deel an och den Deel “Bienvenue au Luxembourg”, dat heescht all déi Informatiounen, déi dra sinn. Ma d’Traductioun war net evident."
Ma iwwerhaapt emol déi 3 Leit fannen, war schonns net esou einfach, fënnt och d’Laura Zuccoli: "Mir hunn hei zu Lëtzebuerg net vill Leit gehat, déi esou gutt scolariséiert sinn, fir esou een Dictionnaire ze maachen an dofir hu mir vill missen am Ausland sichen, virun Allem, fir ze verbesseren. En plus, dat Alphabet ass net einfach fir ze tippen, do brauch een extra Computer-Programmer. Et war net ganz einfach, mee mir hunn et fäerdegbruecht a si ganz frou doriwwer.
Den Dictionnaire gëtt och schonns an de Course vun der Asti benotzt, hei léieren d’Schüler haaptsächlech Franséisch. Ma och am Alldag soll den Dictionnaire hëllefen, dat seet och den Educatiounsminister Claude Meisch. Den Dictionnaire hätt e wichtege Rôle bei der Integratioun vun de Leit.
"Et ass flott ze gesinn, datt den Dictionnaire gebraucht gëtt an net nëmmen hei am Cours, ech hunn och elo mat deem eng oder anere Schüler konnte schwätzen, déi huelen en och mat Heem a brauchen en do am Alldag. Fir Expressiounen ze verdéiwen, fir awer och villäicht ee franséischt Wuert oder eng lëtzebuergesch Expressioun ze sichen, déi se wëllen am Supermarché, op der Strooss oder am Veräin asetzen. Elo kann een dat noschloen, sech sécher sinn, datt et richteg ass an datt ee verstane gëtt."
D’Iwwersetzunge vu ganzer 1.590 Wieder fënnt een an deem neien Dictionnaire. Wie sech e Bild vun der tigrinescher Sprooch wëll maachen, ka sech zum Beispill d’PDF-Versioun um Site vum Educatiounsministere eroflueden.