E Freideg den Owend an e Samschdeg de MoienD'Police mellt eng Partie Déifställ a Geschäfter an Trickgéifställ

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem ass an engem Geschäft an der Stad geklaut ginn. Den Täter koum an Untersuchungshaft.
© RTL

E Freideg den Owend géint 18 Auer krut d'Police e Déifstall an engem Geschäft an der Garer Avenue an der Stad gemellt. Kuerz duerno konnt eng Patrull vun der Police e Mann untreffen, op deen d'Beschreiwung vum Täter gepasst huet. Bei der uschléissender Kontroll huet de Mann sech onkooperativ verhalen an huet sech de Beamte widdersat.

Beim Versuch, de Mann ze immobiliséieren, goufen zwéi Poliziste liicht blesséiert. Beim Duerchsiche vum Mann konnt déi geklaute Wuer fonnt ginn. De Parquet, deen doriwwer informéiert gouf, huet d'Verhaftung vum Mann ordonéiert, deen och scho wéinst Déifstall virbestrooft war. No enger medezinescher Kontroll gouf hien an de Prisong op Suessem bruecht.

E Samschdeg de Moien da goufen der Police nach eemol dräi weider Déifställ a Geschäfter gemellt, woubäi déi presuméiert Täter ëmmer vum Personal respektiv vum Sécherheetspersonal op der Plaz festgehale konnte ginn, bis d'Police do war. An alle Fäll gouf e Protokoll gemaach.

Trickdéifstall zu Stroossen

Zwou Persoune goufen e Freideg Nomëtteg géint 14:45 Auer op enger Bushaltestell an der Areler Strooss zu Stroossen Affer vun engem Trickdéifstall. Eng Fra ass bei déi zwou Persoune gaangen, huet si allebéid an den Aarm geholl a sech doropshin nees ewech gemaach. Kuerz drop ass den Affer opgefall, dass eng Auer an eng Kette geklaut goufen. Ermëttlunge goufe säitens de Police ageleet.

Rotschléi fir sech géint Trickdéifställ ze schützen, ginn et um Internetsite vun der Police.

Back to Top
CIM LOGO