Pöbeleien an AggressiounenEng Partie alkoholiséiert Persoune koumen Enn der Woch an Arrest

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend an e Samschdeg de Moien sinn eng Partie alkoholiséiert Persounen negativ opgefall.
© RTL Archiv

Géint 4 Auer e Samschdeg de Moie gouf eng Policepatrull op der Place de Paris an der Stad vun enger alkoholiséierter Persoun agresséiert ginn. Well dës der Opfuerderung vun de Beamten, d'Plaz ze verloossen, net nokomm ass a sech weiderhin onkooperativ beholl huet, koum se no enger medezinescher Kontroll an Arrest.

An Arrest ënnerbruecht goufen och zwou Persounen, déi op der Place de la Gare an der Stad Passanten ugepöbelt a fir Onrou gesuergt hunn. Géint Hallefnuecht gouf eng Persoun am Spidol um Kierchbierg gemellt, déi randaléiere géif. Dës stoung ënner Drogen- respektiv Alkoholafloss a gouf och an Arrest bruecht.

Kuerz virun 23 Auer e Freideg den Owend gouf eng Persoun zu Hollerech gemellt, déi wëll mat den Äerm ronderëm sech geschloen a Passanten ugegraff hätt. Puer Leit op der Plaz hu versicht anzegräifen, fir de Mann ze berouegen, goufen dobäi allerdéngs liicht blesséiert. D'Police huet den alkoholiséierte Mann an Arrest ënnerbruecht.

Alkoholiséiert war och eng Persoun, déi zu Diddeleng Leit verbal belästegt huet. Och dës Persoun gouf an Arrest ënnerbruecht.

Kläppereien a Kaméidi

Géint 6 Auer e Samschdeg de Moie gouf der Police eng Kläpperei an der Ëmgéigend vum Spidol um Kierchbierg gemellt. Fënnef Persounen goufen dobäi liicht blesséiert. D'Kläpperei ass éischten Erkenntnisser no op e Sträit tëscht engem Taxischauffer an engem Passagéier am Laf vun der Nuecht zeréckzeféieren.

Am Ganze gouf d'Police an der leschter Nuecht op iwwer 20 Dose Kläppereien oder soss Streidereie geruff. An de meeschte Fäll konnten d'Affären op der Plaz gekläert ginn, respektiv et gouf de bedeelegte Persounen ugebueden, eng Plainte ze maachen.

Dobäi kënnt, datt der Police an de leschte Stonnen un déi 50 Stéierunge gemellt goufen. Je no Disponibilitéit vun enger Patrull ass d'Police op d'Plaz gaangen. Wann esou eppes festgestallt gouf, hu sech déi betraffe Persounen an de meeschte Fäll asiichteg gewisen an de Kaméidi gouf reduzéiert.

Back to Top
CIM LOGO