
Attack zu Bréissel
E Mann huet zu Bréissel zwee schweedesch Futtball-Supporter erschoss an eng weider Persoun blesséiert. De Mann war duerno op der Flucht, konnt méi spéit awer vun der Police neutraliséiert ginn. Den Täter war e radikaliséierten Tunesier, deen der Police ënnert anerem wéinst Mënschenhandel bekannt war.
an eisem Liveticker suivéieren.
Keng Plaz mei fir Flüchtlingen?
Work Life Balance
Zu Lëtzebuerg soll den Aklang tëscht Beruffs- a Privatliewe richteg gutt sinn. Mir stinn Europawäit nämlech op der éischter Plaz. Op de leschte Plaze stinn iwwerdeems Ungarn, Slowakei a Rumänien.
100 Deeg am Amt
An eiser Serie 100 Deeg am Amt schwätzt de Marc Hoscheid mat Politiker aus ënnerschiddleche Gemengen, wou et an de Gemengewalen zu Changementer koum.
Garer Police
Zanter Méint ass d’Policekommissariat op der Gare an de Schlagzeilen. Intern kënnt et elo zu Ëmstrukturéierungen. Um Terrain géif sech awer näischt änneren.
Am Sport
Zënter en Donneschdeg ass an der Coque déi zweeten Editioun vum Luxembourg Ladies Tennis Masters. Dëse Sonndeg kënnt Dir d’Finall an eisem Livestream kucken.
Ze déif an d’Glas gekuckt
Dat hat e 27 Joer ale Mann an der Géigend vu Bremen. Fir sech net hannert Steier ze setzen, huet hien den E-Scooter geholl, fir Heem ze fueren. Domat ass hien am däischteren ouni Luuchten iwwert d’Autobunn gefuer. Hie gouf vun der Police gestoppt. Säin Alkoholtest war däitlech positiv.