Et kënnt zu enger Restrukturéierung
© RTL
Zanter Méint ass d'Police-Kommissariat op der Gare an de Schlagzeilen. Intern kënnt et elo zu Ëmstrukturéierungen.
Dat krut RTL op Nofro confirméiert. Vum 1. November u géif, fir eng méi flexibel Organisatioun vum Personal ze erméiglechen a beschtméiglech op all Zorte vun Asaz kënnen ze reagéieren, de Pool vu méigleche Beamte méi grouss gemaach. Beamten, déi virdru just vum Verluerekascht aus geschafft hunn, kënnen dann och vum Gebai op der Gare aus schaffen.
Um Terrain géif sech allerdéngs näischt änneren, eng Police-Presenz ronderëm d'Auer wier am Garer-Quartier weider assuréiert.
Schrëftlech krut RTL folgend Detailer vum Pressebüro vun der Police: "De Policebureau op der Gare ass a bleift op, och no dem 1. November. Policeinterventiounen wäerte weiderhi vum Gebai op der Gare aus assuréiert ginn an d’Bierger kënne sech nach ëmmer do présentéieren fir hier Démarchen ze maachen."