Luxembourg Ladies Tennis MastersMandy Minella an Andrea Petkovic stinn an den Halleffinallen

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin konnt sech géint d'Titelverdeedegerin aus der Belsch duerchsetzen, wärend d'Petkovic sech géint Hantuchova behaapte konnt.
Mandy Minella an Andrea Petkovic stinn an den Halleffinallen
D’Lëtzebuergerin konnt sech géint d’Titelverdeedegerin aus der Belsch duerchsetzen, wärend d’Petkovic sech géint Hantuchova behaapte konnt.

En Donneschdeg war an der Coque den Optakt vun der 2. Editioun vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters. Um Programm stoungen zwou Véierelsfinallen, an deene sech d’Titelverdeedegerin Kim Clijsters aus der Belsch an d’Lëtzebuergerin Mandy Minella respektiv d’Daniela Hantuchova aus der Slowakei an d’Andrea Petkovic aus Däitschland géintiwwer stoungen.

Den éischte Match vum Turnéier tëscht der Belsch Kim Clijsters an der Lëtzebuergerin Mandy Minella sollt schonn ee ganz spannende ginn. Am éischte Saz hat sech d’Titelverdeedegerin nach mat 6:4 duerchgesat, ma mat deem selwechte Score sollt den zweete Saz un d’Minella goen. Am Tie-Break konnt sech d’Mandy Minella du mat 10:8 duerchsetzen a sech domadder fir d’Halleffinalle vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters qualifizéieren.

Extrait Mandy Minella

Keen Tie-Break huet et an der zweeter Partie vum Donneschdeg den Owend gebraucht. Hei hat sech déi Däitsch Andrea Petkovic an zwee Sätz (6:4 a 6:2) géint d’Slowakin Daniela Hantuchova behaapt.

E Samschdeg wäerten da béid Gewënnerinnen an der éischter Halleffinall openeen treffen.

Hei fannt Dir d’Fotoe vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters.

https://www.rtl.lu/fotoen/ladies_tennis_masters

De weidere Programm

Luxembourg Ladies Tennis Masters: Véierelsfinallen
18h00: Monica Puig (PUR) vs. Anett Kontaveit (EST)
dono, no enger Paus vun 30 Minutten: Pauline Parmentier (FRA) vs. Lucie Safarova (CZE)
(mat Kommentar vum Tim Hensgen a Gilles Kremer)
Freideg, 20. Oktober vun 18h un - Programm vum RTL ZWEE

Luxembourg Ladies Tennis Masters: Halleffinallen
(mat Kommentar vum Tim Hensgen a Gilles Kremer)
Samschdeg, 21. Oktober 1. Halleffinall vu 17h un - Programm vum RTL ZWEE
déi zweet Halleffinall gëtt am Stream op RTL.lu gewisen an duerno vun 21h un “en différé” op RTL ZWEE

Luxembourg Ladies Tennis Masters: Finall
(mat Kommentar vum Tim Hensgen a Gilles Kremer)
Sonndeg, 22. Oktober vu 14.30h un - Programm vum 1. RTL

RTL-Artikel: Luxembourg Ladies Tennis Masters: Vill Prominenz um Dag, ier et lassgeet

Back to Top
CIM LOGO