
D’Weimerecher Schlass tëscht Gonnereng an Eescheler gouf 1899 gebaut. Wat deemools en imposant Gebai war, ass hautdesdaags knapps méi ewéi eng Ruin, sou de Jonglënster Buergermeeschter Ben Ries. Eng Ruin, déi vun der Naturverwaltung als Fliedermaushotel sollt ëmgebaut. Dorausser gouf awer näischt. D’Laura Trierweiler war op der Plaz an huet beim Buergermeeschter nogefrot, wat an Zukunft soll mat deem baufällege Gebai geschéien.
Bis 2004 huet eng Koppel am Schlass gewunnt. No dem Doud vun deenen zwee Bewunner, huet d’Gemeng et 2006 opkaf.
De Buergermeeschter Ben Ries: “Et war schonn deemools, wou déi Leit dra gewunnt hunn, do war et net méi ganz a Schoss. Bon säitdeem huet keen dra gewunnt, et ass net méi nom Haus gekuckt ginn, dat heescht et ass eng immens Degradatioun do un deem Gebai. 2017 oder 2018 ass et du verlount ginn un d’ANF, well si wollten eigentlech aus deem Gebai, esou wéi et do stoung, aus där Ruin esouzesoen, well et ass eng Ruin, dat kann ee roueg esou soen, wollte si eigentlech dat Haus esou rafistoléieren, dass d’Fliedermais kënne wieder dora wunnen, well et sinn eng ganz Rei Zorte Fliedermais dobannen.”
Leider konnt de Projet vun der ANF awer net verwierklecht ginn, dat aus finanzielle Grënn. Eleng d’Renovatioun vum Daach hätt 800.000 Euro kascht. Fir d’Fliedermais besteet awer weiderhin Hoffnung.
Ben Ries:“D’ANF ass du mat der Propositioun komm fir effektiv, net um Site selwer, wéi et heiansdo geschriwwe gëtt, mä vis-à-vis dann e Fliedermaustuerm opzeriichten, fir dass se do kënnen dann ënnerkommen, als Kompensatioun esouzesoen.”
Scho ganz geschwë sollen d’Bauaarbechte fir de Fliedermaustuerm zu Jonglënster ufänken.
Ben Ries:“Et sinn och Fliedermais, déi am Fong migréieren iwwert de Wanter, an da komme se erëm eng Kéier zeréck am Fréijoer oder am Summer. An dat ass genau dee Moment, deen een eigentlech misst notzen. Dat heescht, wa se elo fort wären am Wanter a wa se da géingen zeréckkommen am Fréijoer, dass den Tuerm da scho géing do stoen. An esou ass et och geplangt.”
Wat elo mat deem ale Schlass geschitt, ass nach net entscheet. E Réckbau géif awer relativ opwänneg ginn, well sech all méiglech Zorte vun Asbest am Gebai ausgebreet hunn. Ob et elo an e Koup fält, weiderhin do stoe bleift oder awer ofgerappt gëtt, de Buergermeeschter wëll verhënneren, dass et komplett an de Vergiess geréit.
Ben Ries:“Da soll op deem dote Site awer un dat Gebai erënnert ginn. Ech mengen et ass en immens schéint Gebai, jidderee kennt déi al Fotoen aus den Zeitungen di ee mol gesinn huet. Et ass immens speziell gewiescht an der Zäit. Et war immens schéin.”
Leider bleiwen haut vun deem schéine Schlass just nach geféierlech Trümmer iwwreg. Esouguer fir d’Fliedermais ass et mëttlerweil net méi gëeegent, an dofir mussen och déi elo hir siwe Saachen zesummepaken a plënneren.