De 16. Oktober ass et 82 Joer hier, dass den éischten Transport vu Judden aus Lëtzebuerg Richtung Polen gaangen ass. Iwwer 300 Leit goufen a Véiwaggonen an de Ghetto vu Litzmannstadt (Lodz) transportéiert, déi grouss Majoritéit ass ënner onmënschleche Konditiounen em d’Liewe komm, grad emol 12 Leit aus Lëtzebuerg koumen zeréck. Fir d’Biografie vun de Lëtzebuerger Judden opzeschaffen, huet d’Uni Lëtzebuerg elo an Zesummenaarbecht mat der Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoa en neie Site lancéiert, wou een d’Liewensgeschichten noliese kann.
D’Nazien hunn aus Mënschen Nummere gemaach: 323 Leit sinn am Oktober 1941 déi éischt Affer vun der sougenannter Endléisung, si goufen op der Hollerecher Gare an den éischten Zuch Richtung Polen forcéiert.
Ënnert hinnen d’Lilly Gelber, polnesch Originnen, ma zu Lëtzebuerg opgewuess an an d’Schoul gaangen. Zesumme mat hirer Mamm lant si fir d’éischt am Ghetto vum haitege Lodz, wou d’Awunner Zwangsaarbecht maache mussen, dat ganzt ënner katastrophalen Ëmstänn.
Dass mir hir Geschicht kennen, läit och un der Aarbecht vun der Uni Lëtzebuerg an der Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoa. Iwwer 100 esou Biografië kann een ewell um interaktive Site noliesen, ma et wéilt een am léifsten all d’Biographië vun deene 5.000 Leit opschaffen, déi zu Lëtzebuerg diskriminéiert goufen. Dofir wier een awer op d’Hëllef vu Privatleit ugewisen, erkläert den Historiker Denis Scuto, dee sech op der Uni Lëtzebuerg ëm de Projet këmmert. Déi kënnen iwwert de Site Kontakt ophuelen a Fotoen, Bréiwer oder aner Zäitdokumenter eraschécken oder esou guer selwer eng Biografie schreiwen. Kofinanzéiert gëtt de Projet vun der Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoa.
Wéi d’Lilly Gelber an hir Mamm als 2 vun 12 Iwwerliewenden no hirem Martyrium a sëllege Konzentratiounslager 1945 endlech nees zu Lëtzebuerg ukommen, stelle si eng Demande, fir opgeholl ze ginn. Si ginn awer ofgewisen, mam Argument, si wiere keng Lëtzebuerger.
“Vun deenen 12, déi iwwerlieft hunn, kruten der 10 un d’Häerz geluecht, anzwousch anescht hinzegoen. Et ass kee glorräiche Moment an der Lëtzebuerger Geschicht, iwwert deen awer net vill geschwat gëtt”, fënnt den Denis Scuto.
Et géif nach vill opzeschaffen, grad och wat d’Enteegnungen ugeet. Fir aus den Nummeren nees Mënsche mat enger Geschicht ze maachen, sinn d’Fuerscher awer och op d’Hëllef vun de Leit dobaussen ugewisen.
Elo scho fënnt een 100 Biografien um Site, un deenen eng Ekipp vun 30 Leit geschafft huet. Leit vun der Uni, Lokalhistoriker a Familljen. Via memorialshoah.lu fënnt een d’Geschichten an et kann ee sech dann och via de Site mellen, wann een Dokumenter huet oder selwer eng Biografie wëll schreiwen.