Ee Blesséierten zu RéimechAuto a Moto krute sech an der Europastrooss ze paken

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg gouf et géint 13h30 Auer en Accident tëscht engem Auto an engem Moto zu Réimech.
© RTL Mobile Reporter / Eric Heimermann

Eng Persoun gouf blesséiert, wéi de CGDIS mellt. Do virdrun hat d’Police schonn op Nofro vun RTL hin präziséiert, dass et keng Schwéierblesséierter gouf.
De Rettungshelikopter war allerdéngs am Asaz. Wéinst dem Accident hat et zu Réimech nawell ferm gestaut.

Weider geet aus dem 112-Bulletin nach ervir, dass géint 14.40 Auer um CR119 tëscht der Fiels a Schrondweiler a Cyclist gefall a verwonnt gouf. Och hei war de Rettungshelikopter am Asaz.

Tëscht Diddeleng a Beetebuerg hat kuerz viru 16 Auer nach en Auto Feier gefaangen. Hei ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO