
Kuerz virun 8.40 Auer goufen d’Rettungsekippe vu Kanech, Réimech a Wuermer op den CR145 tëscht Greiweldeng a Kanech geruff. Hei war een Auto an eng Baach gefall. Eng Persoun gouf dobäi liicht blesséiert.
Op de soziale Reseauen huet de CGDIS nach präziséiert, dass den Auto vun der Strooss ofkomm an e Rampli vun ongeféier 20 Meter erofgerutscht wier. Déi blesséiert Persoun huet misse mat Hëllef vun enger sougenannter schiefen Ebene an eng speziell Brëtsch op Strooss gezu ginn.
An der Route de l’Europe gouf iwwerdeem ëm déi selwecht Auerzäit e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Schengen an d’Ambulancieren aus der Stad.