
Wéi d’Police mellt, hätt den Automobilist aus bis ewell ongekläertem Grond d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a wier an e Bam gerannt. De Chauffer wier am Auto ageklemmt ginn an hätt misse befreit ginn. Hie koum schwéier blesséiert an d’Spidol. Et war och e Samusdokter op der Plaz.
E Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg goufen et 3 Accidenter mat all Kéier engem Blesséierten am Stroosseverkéier.
Géint 18.30 Auer war tëscht Rëmerschen a Biermereng e Motocyclist gefall. Géint 20.20 Auer ass zu Mamer e Vëlosfuerer ugestouss ginn - hei war och e Samusdokter op der Plaz. A géint 2.40 Auer ass tëschent Garnech an Héiweng en Auto op d’Kopp gaangen.