Bei GonnerengVerdächtegen hat Drogen a Boergeld am Auto a bei sech doheem leien

RTL Lëtzebuerg
Géint de Mann louch dann och schonn am Virfeld e Mandat d'arrêt vir. Hien hat dann och séier Rendezvous beim Untersuchungsriichter.
© RTL Archiv

E Mëttwoch den Owend ass der Police géint 18:30 Auer e Gefier am Beräich Gonnereng opgefall, deem säi Chauffeur sech opfälleg verhalen huet, wéi dësen op d'Autobunn gefuer ass. Bei der Kontroll huet sech dunn erausgestallt, dass géint d'Persoun e Mandat d'arrêt virläit.

Well de Beamten de Geroch vu Cannabis am Gefier opgefall ass, ass den Auto vun der Persoun duerchsicht ginn. Ënnert dem Bäifuerersëtz goufen dunn Drogen a Boergeld fonnt. Wéi de Verdächtege selwer dunn nach duerchsicht gouf, sinn nach Drogen opgedaucht. Och en Drogeschnelltest ass positiv verlaf.

Op Uerder vum Parquet gouf den Handy, d'Drogen an d'Boergeld saiséiert an d'Wunneng vum Verdächtege gouf kuerz drop duerchsicht. Dobäi goufe weider Drogen a Boergeld séchergestallt. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO