3 BlesséierterAuto géint Bam op der Gréiwelsser Barrière

RTL Lëtzebuerg
Kuerz viru 16 Auer e Freideg de Mëtteg war et op der Gréiwelsser Barrière zu engem Accident komm.

En Auto war hei an e Bam gerannt. 3 Persoune goufe blesséiert. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Bartreng a Mamer an d’Secouristen aus der Stad.

Eng weider Persoun ass da blesséiert ginn, wéi sech géint 15.25 Auer op der A31 an Direktioun Metz zwee Autoen ze pake kruten. Hei goufen d’Ambulanz an d’Pompjeeë vun Diddeleng an den Asaz geruff.

Back to Top
CIM LOGO