CGDISAuto géint Camion - 2 Blesséierter bei Accident op der A13

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie géint 10.15 Auer koum et zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion op der A13 Richtung Esch, Héicht Éilereng.
© CGDIS

2 Ambulanze vun Esch waren op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi d’Pompjeeë vu Suessem/Déifferdeng a Käerjeng/Péiteng.

Géint 9.15 ass zu Réiden e Motocyclist gefall a gouf verwonnt. D’Rettungsservicer vu Réiden hu sech ëm de Blesséierte gekëmmert.

Géint 8.20 Auer ass am Neiduerf e Cyclist ugestouss ginn. Wéi de CGDIS mellt, gouf en dobäi verwonnt. D’Stater Pompjeeën an Ambulanz waren op der Plaz.

Géint 12.15 Auer en Dënschdeg gouf et zu Schëffleng eng Kollisioun tëscht 2 Autoen, hei gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO