
En Auto ass hei an eng Mauer gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt. D’Ambulancieren an d’Pompjeeë vu Clierf waren op der Plaz.
E weideren Accident gouf et da kuerz no 19 Auer op der N28 tëscht Bous an Éiter. Hei ass en Auto an d’Leitplank gerannt. Et blouf beim Materialschued.
Scho géint 17.36 Auer hat et zu Rëmeleng an enger Kiche gebrannt. Och hei ass keng Persoun zu Schued komm.