CGDISAuto géint Moto zu Boukels an ee Blesséierte bei engem Kichebrand

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS waren e Mëttwoch den Owend bei dräi Tëschefäll am Asaz, bei deene Leit blesséiert goufen.

Um 17.05 Auer hat en Automobilist zu Boukels e Motocyclist ze pake kritt. Eng Persoun gouf hei blesséiert. D’Ambulanz an d’Pompjeeë vun Housen grad ewéi de Samu vun Ettelbréck waren op der Plaz.

Nëmmen dräi Minutten drop huet et dann an enger Kichen an der Stad um Kierchbierg gebrannt. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Stater Pompjeeën an eng Ambulanz goufen hei an den Asaz geruff.

Kuerz no 18 Auer goufen dann zwou Persoune blesséiert, wéi sech zu Péiteng an der Lonkecher Strooss zwee Autoen ze pake kruten. Zwou Ambulanzen an d’Pompjeeë vu Péiteng waren hei op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO