
De Besëtzer konnt säi Gefier via Smartphone lokaliséieren. Et war zu Errouville a Frankräich.
Déi zoustänneg franséisch Autoritéite goufen informéiert. Beim Auto war awer kee méi an et konnt kee potentiellen Täter ermëttelt ginn. De Besëtzer krut den Auto zeréck.
D'Gefier war iwwregens geklaut ginn, well den Täter de Keyless-System manipuléiert hat.