Ee BlesséiertenAuto kritt elektresch Trottinett ze paken

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS waren en Donneschdeg den Owend bei zwee Accidenter op eise Stroossen am Asaz.

Géint 22.40 Auer hat en Automobilist zu Kënzeg eng Persoun op enger elektrescher Trottinett ze pake kritt. D’Ambulanz vu Mamer an d’Pompjeeë vu Käerjeng-Péiteng hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Géint 23.50 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, ewéi zu Keel en Auto an e Bam gerannt ass. D’Ambulanz vun Diddeleng an d’Pompjeeë vu Keel waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO