3 Accidenter an e BrandAuto op der Kopp op der A13, keng Gefor wéinst Lagerfeier zu Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moien haten d'Rettungsservicer nawell e bëssen eppes ze dinn, dat wéinst Accidenter, respektiv engem Brand an engem Bësch.

En Dënschdeg de Moie kuerz no 6.30 huet et op der A3 Richtung Stad gerabbelt. En Auto an eng Camionnette waren an dësen Accident verwéckelt an eng Persoun gouf blesséiert.

Bal ëm déi selwecht Zäit ass op der A13 Richtung Péiteng en Auto op der Kopp gelant. Och hei mellt de CGDIS ee Blesséierten.

Géint 9.40 Auer sinn op der Streck tëscht Heeschpelt a Wal zwee Autoen net laanschtenee komm. Grad ewéi bei den aneren Accidenter gouf et och hei ee Blesséierten.

Brand an engem Bësch zu Schëffleng

D’Pompjeeë vu Schëffleng goufen en Dënschdeg de Moien an den Asaz geruff, wéinst engem Brand an engem Bësch “Op Kraeizheck”.

Blesséiert gouf keen, ma et gouf preziséiert, dass et sech ëm e Lagerfeier gehandelt huet.

D’Feier war vum Fierschter op enger ausgewisener Feierplaz ugefaange ginn fir d’Sortie vun enger Schoulklass. Zu kengem Ament huet eng Gefor bestanen. D’Pompjeeë ware präventiv op d’Plaz geruff ginn.

An enger éischter Versioun vum Artikel war an deem Kontext iertemlecherweis vun engem Mataarbechter vun enger Crèche rieds.

Back to Top
CIM LOGO