Nach séier iwwer d'Blieder an d'Bicher gekuckt, ier et lass geet: Et war schonn eng gewëssen Nervositéit ënnert den 220 Schülerinnen a Schüler vun der Première am Lycée Michel Rodange um Geesseknäppchen. Esou och beim Maxime an Olivier, allebéid Primaner op der Bio, respektiv Mathé-Sektioun:
Maxime: "Gëschter war e bësse schwéier, fir anzeschlofen. Ech hat nach kal Féiss. Moies direkt waakreg ginn, moies hunn ech mer eppes Klenges, fir z'iessen gemaach, fir datt ech lo net ze vill verhongere wärend dem Examen. Ech misst awer och nach e puer Definitiounen auswenneg léieren, well et gouf e puer schwéier Saachen nach."
Olivier: "Grouss opgereegt elo nach net, mee awer d'Opreegung kënnt elo lues a lues a lues."
Ma net just d'Schüler musse sech preparéieren, och fir d'Lycéeë gëllt et, gewësse Prozeduren anzehalen. Wéi den Direkter Jean-Claude Hemmer erkläert, huet de Festsall misste preparéiert ginn. An och d'Froe vum Exame bleiwe bis op déi lescht Minutt ewechgespaart:
"D'Enveloppen u sech, déi hu mer bis elo am Tresor leie gehat. Déi hu mer elo de Moie schonn erausgeholl. Déi bleiwen awer zou, bis mer am Sall sinn. An déi gi virun de Schüler opgemaach. Dat heescht, do gëtt et keng prezis Auerzäit, mee awer eréischt, wa Schüler am Sall sinn, da maache mer se op. Normalerweis zwou, dräi Minutten, ier et lassgeet awer eréischt."
Um 8:15 Auer ass et lassgaangen, fir den Olivier an de Maxime ass et dee Moment op deen ee sech méi oder manner laang virbereet huet:
Olivier: "Ech hunn d'Exame vun de leschte Joren duerchgeholl an och gekuckt, d'Zäit hinzekréien, well véier Stonnen ass awer eng kleng Ausdauer-Übung."
Maxime: "Ech fannen, ech hunn zimmlech spéit ugefaangen ze léieren, also ech hunn haaptsächlech alles an deene leschten zwou Woche gemaach."
Do fillt den Direkter selwer och mat senge Schüler mat:
"Ech sinn elo dat 15. Joer schonn hei, mee ech sinn awer, mengen ech, grad esou nervös wéi si an et ass ëmmer eng ganz spannend Geschicht. An ech soen, mir si frou, wann et lassgeet, well den éischten Dag ass e mer deen Opreegendsten."
Faust oder der Trafikant? Déi Fro kläert sech dann e Méindeg de Mëtteg. Do gëtt op de klassesche Sektiounen, ausser op der A, nämlech den Däitsch Exame geschriwwen.
Dee leschte schrëftlechen Examen ass de 4. Juni. D'Resultater ginn et da knapps dräi Wochen drop.