Rettungsdéngschter am AsazVéier Blesséierter bannent knapp 3 Stonnen

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS sinn e Méindeg de Moie bannent knapp dräi Stonnen op véier verschidden Accidenter geruff ginn.
© CGDIS

Deemno si géint 6:38 Auer um CR160 tëscht Diddeleng a Suuftgen zwee Autoen anenee gerannt. Op der Plaz waren d'Ambulancieren aus der Stad an d'Pompjeeë vun Diddeleng. Et blouf beim Materialschued.

Ee Blesséierte gouf et iwwerdeem bei enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion géint 7:53 Auer an der Route d'Esch an der Stad. Och hei waren d'Stater Rettungsdéngschter am Asaz.

Och zu Diddeleng an der Diddenuewener Strooss gouf eng Persoun blesséiert. Dat wéi géint 8:22 Auer zwee Autoen net laanschtenee koumen. Hei waren et d'Rettungsdéngschter vun Diddeleng, déi nach emol am Asaz waren.

Op der A6 tëscht Stengefort an dem Wandhaff gouf et iwwerdeem eng weider Kollisioun géint 9:54 Auer. Hei goufen zwou Persoune blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Stengefort a Mamer versuergt.

Back to Top
CIM LOGO