Tëscht Huldang a WilwerdangAutomobilist gouf agresséiert a krut Fotoapparat geklaut

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend huet en Automobilist tëscht Huldang a Wilwerdang mat sengem Gefier eng Paus gemaach, wéi en op eemol iwwerfall ginn ass.

En Onbekannten ass dem Affer géigeniwwer handgräiflech ginn an huet an der Suite e Fotoapparat geklaut. Eng Enquête gouf lancéiert, den Täter ass nämlech nach op der Flucht.

An der Nuecht op en Donneschdeg ass an der Stad an der Rue de Bonnevoie och nach e Mann engem Trickdéifstall zum Affer gefall. Hie gouf vun zwee Männer ugeschwat, déi en eppes gefrot hunn. Kuerz dono ass dem Affer opgefall, datt hie säi Portmonni geklaut krut. Och hei leeft eng Enquête.

Back to Top
CIM LOGO