
D’Baisse vun den Energiepräisser wier keng sozial-selektiv Mesure an net de Wonsch vun de Gréngen, ma et kéint een domat liewen, seet d’Presidentin Djuna Bernard am RTL-Interview. D’Regierung an d’Sozialpartner haten e Mëttwoch déi grouss Linne virgestallt, déi an der Tripartite festgehale goufen an elo am Detail diskutéiert goufen. De Sprit an de Brennes solle 7,5 Cent de Liter méi bëlleg ginn, et erfält just eng Indextranche, d’Steierkreditter ginn ugepasst, d’Loyeren agefruer an d’Betriber entlaascht. D’Resultat vun enger Tripartite wier ëmmer e Kompromëss, sou d’Djuna Bernard, ugeschwat op d’Baisse vun den Energiepräisser. Et war keng Wonschmesure vun eis aus, et war eng ganz staark Demande vun de Gewerkschaften. Eis war et wichteg, dass dës Mesure zäitlech limitéiert wier, datt ee se wierklech notzt als Outil elo an der Kris, als temporär Hëllef, fir deene Pice vu Präisser entgéint ze wierken, fir do ofzepufferen, wou mer an enger volatiller Situatioun sinn, déi eben hoffentlech och an der Durée determinéiert ass an dofir kënne mer heimat liewen.”
D’CSV begréisst dës Annonce. Et wieren exzeptionell Zäiten an deenen de Staat en Effort misst maachen, esou de Co-Fraktiounschef Gilles Roth. “Mir si frou, dass engersäits d’Patronat, anerersäits d’Salariat sech openeen zoubeweegen. Mir kucke selbstverständlech den Detail vun den eenzele Moossnamen. Mir haten och am Virfeld eng Rei vu Propositioune vun der CSV ausgemaach, mir gesinn, dass en Deel vun deene Propose sech och an deene Propositioune vun der Tripartite erëmfannen. Mir kucken elo den Detail an da wäerte mer viraussiichtlech en Donneschdeg an der Chamber definitiv dozou Positioun huelen. Fir eis ass et awer och grad sou kloer, dass een iwwert déi direkt Moossname vun der Tripartite muss strukturell kucken, dass fir déi breet Mëttelschicht, well do ass d’Präisdeierecht och ukomm, Léisunge fënnt an deene Leit och méi Kafkraaft mëttel- a laangfristeg wäert assuréieren.”
Déi genee Berechnung vum Crédit d’impôt ass bis elo nach net ofgeschloss. An et ass bis elo net gekläert, wien alles vum Steierkredit profitéiere wäert. Déi Aarbechte ginn en vue vum nächsten Donneschdeg weider. Da soll den Accord definitiv ugeholl ginn. D’Gewerkschafte mussen d’Resultater vun der Tripartite nach vun hire Comitéen ofseene loossen. Dem Patronat säin Accord ass ginn.
Fir déi Lénk ass et awer just Gepléischters, seet de Co-Spriecher vun der Partei Gary Diderich. D’Mesure géing virun allem deenen entgéint kommen, déi déi déckste Paien an Autoen hätten, sou iwwerdeems de Piratendeputéierte Sven Clement op Twitter.
Index
Eng méiglech 2. Indextranche soll dëst Joer net erfalen an op 2023 verréckelt ginn, fir d’CSV kee Problem. “D’Vertragspartner, an dësem Fall souwuel déi schaffend Leit, wéi och d’Entreprisen, déi sinn sech doriwwer eens ginn, dat stelle mir als CSV selbstverständlech net a Fro.”
Ganz anescht gesäit dat de Spriecher vun déi Lénk Gary Diderich. “Datt den Index elo awer moduléiert gëtt, weist datt d’Gewerkschafte keen Alliéierten an der Regierung bei dëse Verhandlungen haten.”
Vill méi hätten d’Betriber, deenen den Index ze vill zur Laascht fält, geziilt missen ënnerstëtzt ginn. “Well et sinn och Betriber, déi si Krisegewënner an déi kréien och elo de Benefice dovunner, dass deen Index do moduléiert oder verdaagt gëtt.”
Steiergerechtegkeet
Eng méi gerecht Steierpolitik wier dann och méi wéi iwwerfälleg, esou de Gary Diderich. Ma déi Diskussioun wier d’Regierung an de leschten 9 Joer net ugaangen, sou och de Gilles Roth. “An do zielt natierlech och déi Bewäertung vun de Steieren, déi déi kleng a mëttel Verdinger hunn, déi ganz héich ass de Moment bei eis am Land, well se ni un d’Inflatioun ugepasst gouf iwwert déi lescht 5 a méi Joren an anerersäits natierlech och d’Spëtzeverdinger, well do muss een och kucken, datt eng Steiergerechtegkeet kënnt.”
Déi gréng Parteipresidentin Djuna Bernard awer bezweiwelt, datt d’Steiergerechtegkeet am Kader vun der aktueller Diskussioun ëm d’Inflatioun wäert zum Thema ginn.
“Ech weess net ob dat diskutéiert gouf, fir do méi héich Steieren ze froen, dat ass mengen ech och kee Sujet, dee Konsens an der Regierung gehat hätt. Ech weess, datt d’finanziell Situatioun vum Staat zumindest elo mol esou ass, dass mer déi Aiden, déi mer hei ginn, déi an d’ekologesch Transitioun ginn, déi mer a sozial cibléiert Mesure ginn, datt mer déi kënne gutt packen, an datt do de Staat seng Verantwortung iwwerhëlt.”
Déi gréng Parteipresidentin mengt net, datt a Saache Steiergerechtegkeet dëst Joer nach eppes géing ëmgesat ginn, dat wier éischter en Thema fir déi nächst Walen, esou d’Djuna Bernard.
Den ACL ass iwwerdeem zefridde mat de Mesuren, déi wärend der Tripartite decidéiert goufen. Et wier ee frou, dass hir Propos, d’Entreprisen, déi am stäerkste vun der Hausse vun den Energiepräisser betraff sinn, finanziell z’ënnerstëtzen, Gehéier fonnt huet. De Club fuerdert d’Autoritéiten awer op, d’Moossnamen esou séier wéi méiglech ëmzesetzen, fir d’Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Ekonomie z’erhalen.
RTL-News: Tripartite - Méiglech 2. Indextranche soll op nächst Joer Fréijoer verréckelt ginn