An der Zäit bis déi zweet Indextranche gëtt et eng Kompensatioun iwwer e Steierkredit fir Leit mat klengen oder mëttleren Akommes.
No zwou 13 Stonne laangen Tripartitesronnen, en Dënschdeg a Mëttwoch, si sech d'Sozialpartner mat der Regierung iwwert e prinzipiellen Accord eens ginn, op d'mannst mol fir den Ament, well en definitiven Accord nach muss d'nächst Woch signéiert ginn.
Knackpunkt war jo den Indexsystem, dee fir d'Gewerkschaften eng rout Linn duergestallt huet an deen och net a Fro gestallt gëtt. D'Gewerkschaftsvertrieder hu vun exzeptionelle Mesuren an enger exzeptioneller Zäit geschwat.
Zu de proposéierte Mesuren:
Am Abrëll erfält deemno déi nächst Indextranche, déi net annuléiert gëtt an d'Paien an d'Rente ginn ëm 2,5% erop.
Et kënnt zu selektiven Hëllefen fir Stéit a Betriber.
Wéi de Staatsminister zesumme mat de Vize-Premieren no der Reunioun e Mëttwoch virun der Press soten, wieren d'Gespréicher an engem konstruktive Geescht verlaf. D'Resultat wier e Kompromëss, dee vun alle Säiten a Krisenzäite gedroe gëtt. Deemno gëtt eng zweet Indextranche dëst Joer vum August an d'Fréijoer d'nächst Joer reportéiert, begleet vun enger Kompensatioun iwwert e Steierkredit fir akommesschwaach Stéit.
Bis an de Juli leet de Staat iwwerdeems 7,5 Cent beim Verkaf vun all Liter Sprit bäi, och ginn d'Loyere bis Enn vum Joer agefruer an d'Recette vun der C02-Steier ginn anescht verdeelt, wéi nom alen Schlëssel.
De Vize-Premier François Bausch huet vun engem gewësse Widdersproch geschwat tëscht de viséierte Mesuren an der akuter Ofhängegkeet vu fossillen Energieressourcen, déi misst onbedéngt geléist ginn.
Eng éischte Kéier huet een och d'Patronatssäit héieren.
De Michel Reckinger vun der UEL huet vun enger exzeptioneller Äntwert geschwat, op déi ee sech e Mëttwoch konnt eenegen.
Fir de Patronatsvertrieder dierft et op kee Fall zu Mesurë kommen, déi net selektiv agesat ginn.
D'proposéiert Mesurë kaschten iwwerdeem iwwer eng hallef Milliard Euro.
Wéi gesot sinn dëst elo mol d'Kompromëss-Proposen, déi um Dësch leien an déi awer nach musse berechent a fisseléiert ginn.
E weidere Rendez-vous ass dann d'nächst Woch donneschdes den 31. Mäerz nees zu Senneng – wann et en Accord gëtt, ass dann nomëttes eng Deklaratioun vum Staatsminister an der Chamber.
RTL-News: Déi politesch Reaktiounen op d'Annoncen
Schreiwes
Réunion du Comité de coordination tripartite : Propositions avancées par le gouvernement (23.03.2022) | |
| |
Le 23 mars 2022, le gouvernement s’est à nouveau réuni avec les partenaires sociaux pour continuer les travaux du Comité de coordination tripartite et formaliser des mesures permettant de limiter les impacts de la pression inflationniste sur les ménages et les entreprises. Le paquet des mesures proposé par le gouvernement comprend :
Une prochaine réunion du Comité de coordination tripartite est fixée au 31 mars à 9h00. Cette réunion devra permettre de trouver un accord. |