SchockmomentBam op Auto tëscht Schëndels a Miersch gefall

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am fréien Nomëtteg war e Chauffer um CR192 tëscht Schëndels a Miersch ënnerwee, wéi et do zu engem Virfall koum.
© Domingos Oliveira / RTL

E risege Bam ass ëmgefall, op den Auto, dee grad gefuer koum. Wéi duerch e Wonner huet de Bam de Won um Enn just gesträift.

Fir de Chauffer war dat sécher e Schockmoment, dëse koum éischten Informatiounen no fir eng Kontroll an d’Spidol. D’Streck war wärend den Opraumaarbechte komplett fir den Trafic gespaart an och d’Sortie Schëndels op der A7 a Richtung Stad war betraff.

Back to Top
CIM LOGO