Affär ëm frauduléis ImmigratiounVill Schwaachstellen an de Verwaltungen

Michèle Sinner
D’Oppositioun an der Chamber hat d’lescht Woch gefuerdert, datt ausser der Direction de l’Immigration och aner Administratioune sollen auditéiert ginn.
Openthaltsgeneemegungen: Parquet weist Schwaachstellen a Verwaltungen op.
© RTL

Dat am Kader vun der gréisserer Affär vu frauduléiser Immigratioun, déi de Parquet am Summer ëffentlech gemaach hat. Et géif nämlech och Schwaachstellen op aneren Verwaltungen. Ma am Fong huet de Parquet déi schonn identifizéiert.

Pour Rappel geet et am Resumé ëm de Verdacht, datt eng Partie Leit, dorënner Mataarbechter vun der Direction de l’Immigration zesummegeschafft hunn, fir géint Geld Openthaltsgeneemegungen auszestellen. Dat op Basis vu gefälschten Dokumenter. Et geet hei also net ëm DPIen, mee ëm “Gastarbeiter“ aus Drëttstaaten, déi bei Lëtzebuerger Firmen schaffen kommen. An deem Oflaf, fir esou eng Geneemegung ze ginn, do spillen eng Rei Verwaltungen eng Roll. A wou et do Schwaachstelle ginn, dat huet de Parquet scho relativ kloer identifizéiert.

Wouhier weess een dat, wann d’Enquête nach leeft?

Dëse Summer huet de Parquet awer schonn e puer Jugements sur Accord ofgeschloss, net mat deenen, déi dat Ganzt organiséiert hunn, mee mat Leit, déi sou eng Openthaltsgeneemegung kruten. Do dran zielt de Parquet d’Schwaachstelle schéi propper an engem Tableau op. Déi hänken jeeweils zesumme mat de Pabeieren, déi d’Leit musse virweisen.

Wéi eng Pabeieren sinn dat?

Als alleréischt en Adem-Zertifikat fir de Betrib, deen ausserhalb vun der EU wëll rekrutéieren. Dee muss nämlech eng Plaz ausschreiwen. Wann déi net ka besat gi mat Leit, déi schonn um Aarbechtsmarché sinn, da kann d’Adem deen Zertifikat ausstellen. Dobäi gëtt et awer vill Beräicher, wou Lëtzebzuerg eng Penurie u Main d’Ouevre hunn. A wéinst där Pénurie, huet ee Mataarbechter vun der Immigratioun bei der Police gesot, wier et wierklech einfach, sou en Adem-Zertifikat ze kréien, fir jiddereen, deen ee wéilt, aus sengem Heemechtsland anzestellen.

Et schéngen awer Betriber ze ginn, déi besonnesch douéiert dra sinn, fir déi gesichte Profiller esou ze formuléieren, datt se där Zertifikae kréien. Et gouf nämlech och Perquisitioune bei enger Rei Firmen.

Extrait aus engem Jugement: “En ce qui concerne le certificat de langue exigé par l’ADEM, le contrôle par les gestionnaires du MAI est purement formel, puisqu’il se limite à vérifier la présence physique d’un diplôme ou certificat correspondant dans la demande en question, mais sans convoquer les demandeurs de titre de séjour au MAI pour mettre leurs compétences linguistiques à l’épreuve. Compte tenu des différentes ‘listes de pénurie’ publiées par l’ADEM, il est extrêmement aisé de recevoir un certificat de l’ADEM qui permet d’embaucher toute personne de son choix et peu importe son pays d’origine.”

Wéi eng Schwaachstellen gëtt et nach?

Och d’Aarbechtskontrakter sinn eng Schwaachstell, well se zum Deel gefälscht waren. Där goufen der Immigratioun virgeluecht, obschonns d’Leit net beim Centre Commun ugemellt waren. Oder si kruten ee Kontrakt mat héijer Qualifikatioun an héijem Salaire, fir duerch d’Prozedur an dono krute se en neien, wou se dann bemol manner qualifizéiert waren, wéi op der Liste de pénurie vun der Adem virgesinn, a manner bezuelt. Déi ganz Problematik misst opfalen, wann d’Affiliatioun beim Centre Commun géing kontrolléiert ginn.

Wie kontrolléiert, ob d'Qualifikatioune richteg sinn?

D’Diplomer gi vum Educatiounsministère homologéiert. De Parquet schreift, datt deenen hir Gestionnairë wéinst dem Dateschutz net kéinte bei de Schoulen am Ausland nofroen, ob d’Diplomer echt sinn. Si hunn Dausenden Demanden d’Joer, déi kënne se net all eenzel komme loossen mam Originaldiplom. Esouguer dann kéinte se net kontrolléieren, ob dat Stéck Pabeier echt ass oder net. Mee wat nach méi frappant ass: Bis Dezember 2023, wou et eben e Virfall gouf, waren d’Prozeduren fir d’Reconnaissance vun den Diplomer néierens schrëftlech festgehalen, mee "supposées connues".

Extrait aus dem Jugement: “En effet, les procédures internes concernant la reconnaissance des diplômes n’étaient jamais écrites, mais seulement « supposées connues », et ce n’est qu’en date du 5 décembre 2023, suite à un incident, qu’une note de service a été publiée concernant la procédure de traitement d’un dossier relatif à une demande de reconnaissance d’un diplôme, d’une attestation de niveau d’études et d’une qualification professionnelle.”

Bei aneren Dokumenter ass d’Kontroll guer net virgesinn

Zum Beispill d’Sproochenufuerderung, déi um Adem-Zertifikat stinn. D’Leit haten falsch Zertifikaen, datt se fléissend däitsch oder franséisch kéinten, mee et ass net opgefall, datt se weder "Bonjour", nach "Guten Tag" kéinten, well bei der Immigratioun just gekuckt gëtt, op den Ziedel am Dossier ass.

Et war och vu fiktiven Adressen Rieds: Wéi war dat da méiglech?

Ënnert anerem, well op der Immigratioun och Dossieren ouni Certificat de résidence vun der Gemeng duerchgaangen sinn, just mat engem Locatiounskontrakt als Preuve. Mee den Audit vun där Verwaltung ass jo am gaangen an dee soll no der Allerhellegevakanz fäerdeg sinn.

Back to Top
CIM LOGO