Alkoholkontroll zu MunnerefBannent 2 Stonnen 202 Automobilisten iwwerpréift - 6 Fürerschäiner agezunn

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg tëscht 2 a 4 Auer moies fréi, huet d'Police op Uerder vum Parquet eng gréisser Alkoholkontroll zu Munneref gemaach.

Am ganzen hunn 202 Automobiliste mussen en Alkoholtest maachen. A 14 Fäll hunn Automobiliste mussen en Avertissement taxé bezuelen, well se iwwert dem erlaabten Héchstwäert waren. A 6 Fäll gouf souguer de Fürerschäin op der Plaz agezunn.

Wärend der Kontroll goufen awer och nach aner Infraktioune festgestallt. Sou gouf zum Beispill ee Fürerschäin agezunn, well en Automobilist eng Bluttprouf refuséiert huet, dëst am Zesummenhang mat Drogekonsum.

Zwee Chaufferen hate kee valabele Certificat de contrôle technique fir hiren Auto an zwee anerer konnte keng Assurance virweisen.

Back to Top
CIM LOGO