UPDATE: Méikäschten duerch sanitär KrisBaufirma dierf Chantier net suspendéieren

RTL Lëtzebuerg
Nom Logementsminister äntweren och Wirtschafts- a Konsumenteschutzministeren op parlamentaresch Froen zum Thema.
© Shutterstock

D'LSAP-Ministere Franz Fayot a Paulette Lenert schreiwen an hirer Äntwert op d'parlamentaresch Froe vum Piraten-Deputéierte Sven Clement a vum CSV-Deputéierte Marc Lies virop, si kéinte keng Aussoen zum Fong oder der juristescher Natur maachen.

Béid Säite misste sech un de Kontrakt halen, deen am Ufank ënnerschriwwe gouf, dat heescht och datt d'Aarbechten de Modalitéite vun dësem Kontrakt no musse fäerdeg gestallt ginn. En Avenant, deen d'Modalitéiten nodréiglech ännere géif, misst vu béide Säiten acceptéiert ginn. Op d'Fro, wéi een Impakt d'Corona-Kris op d'Käschte beim Bau kéint hunn, gëtt et keng kloer Äntwert.

"D'Präisser mussen d'Käschten erëmginn, méiglech Méikäschten, sollten se sech bestätegen, wäerten sech also noutwennegerweis entweder duerch eng Baisse vun de Margen oder eng Erhéijung vun de Präisser, oder eng Kombinatioun vun deenen zwee äusseren. Wéi all konkurrenzielle Marché reagéiert den Immobiliëmarché virun allem op d'Krittäre vun der Offer an der Demande, déi de Präisniveau bestëmmen. D'Kris vum Covid-19 stellt dës Reegel net fundamental a Fro."

D'Minister Fayot a Lenert recommandéieren, datt Bauhär a Baufirma eng amiabel Léisung sichen, wann néideg mat der Hëllef vum Mediateur de la Consommation oder dem Konsumenteschutz. Am Fall vun engem Sträit wier et a leschter Instanz un engem Riichter ze tranchéieren.

A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro zum selwechten Thema vun den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten a Mars di Bartolomeo hat de grénge Logementsminister Henri Kox um Méinde scho geschriwwen, Bauhären dierften net dozou gezwonge ginn, en Avenant zu hirem Kontrakt mat der Baufirma z'ënnerschreiwen oder eng zousätzlech Rechnung ze bezuelen, fir dass dës mam Chantier virufiert.

Méikäschte Bau: Äntwert vum Henri Kox op parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO