
Vum 1. Mee u wäerte wärend sechs Méint eng Hand voll rumänesch Polizisten hei am Land aktiv sinn. Dat ënnert der Autoritéit an un der Säit vun der Lëtzebuerger Police.
Dat äntwert den Inneminister Léon Gloden e Mëttwoch mëndlech op eng parlamentaresch Fro vu sengem Parteikolleeg Laurent Mosar.
D‘Zil vun deene gemeinsame Patrulle wär et, der organiséierter a, wéi de Laurent Mosar sot “aggressiver” Heescherei an der Stad an och soss am Land Meeschter ze ginn. Et wéilt een deenen op d‘Spuer kommen, déi dat Ganzt organiséieren.

D‘Police wéilt vun de Kolleegen aus Rumänien léieren, zum Beispill och beim Thema Cyberkriminalitéit, esou de Minister Gloden. Si wären awer och hei, fir mat eventuell rumäneschen Heescherten ze schwätzen.
D‘rumänesch Poliziste wäerten net arméiert sinn. Si wäerte sech un d‘Lëtzebuerger Gesetzgebung hale mussen.