Am LokalenBeetebuerg: Automobilist iwwersäit Cyclist, 1 Persoun blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Dann mellt d'Police eng Persoun zu Rodange, déi randaléiert huet an eng aner, déi och zu Rodange de Permis verluer huet.

Géint 18 Auer ass zu Beetebuerg an der Montée Krakelshaff en Automobilist vun engem Privatgrondstéck op d'Strooss gefuer. Dobäi huet hien e Cyclist, dee vu riets koum, wuel wéinst dem schlechte Wieder, zu deem Ament huet et vill gereent, iwwersinn. De Cyclist krut net méi mat Zäite gebremst an ass dem Auto an d'Bäifuerersäit gerannt an ass dono iwwert de Kapott gerutscht an op de Buedem gefall. De Cyclist huet dono iwwert Péng am Réck geklot, esou datt hien an d'Spidol bruecht gouf.

Da war d'Police direkt zwee Mol zu Rodange am Asaz. Déi éischte Kéier, well eng Persoun an der Lëtzebuerger Strooss amgaange war, fir d'Fënstere vun engem Haus anzeschloen. Wéi d'Police op d'Plaz koum, konnte si e staark alkoholiséierte Mann untreffen. De Mann konnt knapp selwer stoen an och dat wat hie sot, war schwéier ze verstoen. Wéi sech erausgestallt huet, hat de Mann un der Dier geschellt a wollt an d'Haus. Well d'Bewunner hien awer net kannt hunn, hu si hien natierlech net eragelooss. Do ass den alkoholiséierte Mann rose ginn an huet mat engem Géigestand d'Fënster vun der Dier an d'Kichefënster ageschloen. Wéi d'Police de Mann opgefuerdert huet, fir hinne seng Carte d'identité ze weisen, huet hien ugefaangen ëm sech ze schloen, esou datt d'Beamten hien hu missten immobiliséieren. De Recht vun der Nuecht huet hien dierften um Policebüro verbréngen.

Den zweeten Asaz zu Rodange war dann an der Nuecht, well hei e Chauffer opgefall ass, dee Recht séier ënnerwee war. Kuerz drop konnte Polizisten den Auto op engem Parking erëmfannen an och de Chauffer war séier ermëttelt. De Mann huet dunn direkt zouginn, datt hie mam Auto ënnerwee war, awer selwer kee Permis huet. De Parquet gouf informéiert an d'Gefier gouf saiséiert.

Bei enger Kontroll zu Diddeleng ass Polizisten an engem Gefier e séisse Geroch opgefall. Déi 3 Leit am Auto hunn direkt zouginn, datt si Marihuana an Haschich bei sech hätten an hunn dëst och direkt de Beamte ginn. Den Drogentest vum Chauffer war positiv, esou datt géint hei Plainte gemaach gouf. Donieft huet sech erausgestallt, datt de Mann u sech schonn e Fuerverbuet huet.

An um Cents huet et géint 21.30 Auer an der Rue des Pommiers an enger Kichen gebrannt. Hei ass et beim Materialschued bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO