
Kuerz virun 3:00 Auer e Sonndeg de Moie gouf der Police en Iwwerfall an der Rue du Fossé an der Uewerstad gemellt. Éischten Informatiounen no gouf enger Persoun d'Kette vum Hals gerappt. Duerno huet den Täter mat sengen dräi Komplize probéiert, sech duerch d'Bascht ze maachen. Der Begleedung vum Affer war et allerdéngs gelongen, ee vun den Tatverdächtegte festzehalen, obwuel ee vun de Komplize Pefferspray agesat huet.
Eng Patrull vun der Police war duerno op d'Plaz komm a konnt nieft dem Festgehalene méi spéit och zwee vun de Komplizen no enger kuerzer Sich stellen. Bei Kontrolle konnten dann Drogen, Handyen a Boergeld saiséiert ginn. Op Uerder vum Parquet goufen déi Dräi festgeholl a virun den Untersuchungsriichter bruecht.