
Mat der Ofdankung vum Grand-Duc Henri am Oktober 2025, kritt also elo och d'Mënzebild an eisem Portmonnie en neit Gesiicht. Déi nei national Säit vun de Lëtzebuerger Euro-Mënze gouf vun der italieenescher Designerin Chiara Principe entworf. D'Artistin huet an deem Beräich scho vill Erfarung an huet 2021 ënner anerem eng 2-Euro-Commemoratiounsmënz fir de Vatikan entworf.
De Portrait vum Grand-Duc Guillaume gouf op Basis vu Fotoe vun der Maison du Grand-Duc ausgeschafft. Hei kuckt de Guillaume de Fënneften, wéi et bei Monarchie-Wiesselen Traditioun ass, an déi entgéintgesate Richtung vu sengem Virgänger. Den Henri huet no lénks gekuckt, de Guillaume kuckt elo no riets. Och bei den neie Mënze bleift Lëtzebuerg bei sengem traditionelle System mat dräi verschiddene Motiver jee no Wäert vun der Mënz: eng Serie fir 1–5 Cent, eng fir 10–50 Cent an eng fir 1 an 2 Euro.
Fir d'Sammelmënze gouf en anere Kënschtler engagéiert, an zwar den Helmut Andexlinger, Graveur bei Münze Österreich.
Wéi den Euro den 1. Januar 2002 offiziell agefouert gouf, war Lëtzebuerg direkt mat dobäi. All Lëtzebuerger Mënze kruten deemools de Portrait vum Grand-Duc Henri – entworf vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin Yvette Gastauer-Claire. Interessant dobäi: Lëtzebuerg huet keng eege Mënzpräganlag. Déi éischt Euro-Mënze goufen dofir bis 2004 an Holland produzéiert. An tëscht 2005 an 2006 a Finnland. Bei der éischter Emissioun goufen e puer zéng Millioune Lëtzebuerger Mënzen an Ëmlaf bruecht – däitlech manner wéi an de groussen Nopeschlänner. Frankräich hat fir den Euro-Start iwwer 7 Milliarde Mënze produzéiert, d'Belsch iwwer eng Milliard. Lëtzebuerg huet am Verglach nëmmen eng relativ kleng Quantitéit gebraucht, well d'Land vill manner Awunner huet an joerzéngtelaang an enger Wärungsunioun mat der Belsch war.
Zanter 2004 huet Lëtzebuerg och eng ganz Rei un 2-Euro-Commemoratiounsmënzen erausginn. Déi éischt war dem Grand-Duc Henri a sengem Monogramm gewidmet. Duerno koumen all Joer nei Editiounen eraus – ënner anerem fir dem Guillaume säi 25. Gebuertsdag (2006), eng Editioun mam Palais (2007), eng Editioun mam Schlass vu Colmer-Bierg (2008) oder nach eng ganz beléiften Editioun fir d'Hochzäit vum Guillaume a Stéphanie (2012).
Besonnesch bei Sammler si virun allem déi limitéiert Sëlwer- a Goldmënzen immens beléift. Lëtzebuerg gëtt reegelméisseg speziell Sammelmënzen eraus – dacks mat Thematiken aus der Geschicht, der Monarchie oder der Lëtzebuerger Kultur.
D'Lëtzebuerger Euro-Mënzen hunn eng speziell Roll: der Verfassung no muss de regéierende Grand-Duc op de Mënze vertruede sinn. Dat erkläert och, firwat den Design elo nei gemaach gëtt. Fir vill Numismatiker ass dëse Wiessel e klengt historescht Evenement. Déi al Mënze mam Grand-Duc Henri bleiwen awer valabel a kënnen och weider benotzt ginn.