
E Beitrag vum Fred Keup op Facebook e Méindeg huet nawell fir vill Commentaire gesuergt. Ze gesinn ass e Video mat e puer Aktivisten, den ADR-Deputéierte schreift drënner "Kuckt iech se un! Déi Freaken" an derhannert ee Laach-Emoji.
Ma wat huet et mat dëser Ausso op sech?
Fir unzefänken ass et ganz wichteg, bei dëser Foto de Kontext ze verstoen. D'Aktiviste si vun der däitscher Protest-Beweegung "Widersetzen", déi iwwerall wou et geet géint déi däitsch AfD demonstréiert.
Leschte Weekend war zu Erfurt Parteidag vun der "Alternative für Deutschland". Ronn 50.000 Aktivisten vu "Widersetzen" a vu villen aneren Organisatioune waren dofir de Weekend op de Stroosse vun Erfurt ënnerwee, hu Sëtz-Blockaden organiséiert a gréisstendeels friddlech hire Protest manifestéiert.
Allerdéngs waren och Lénks-Extremisten ënnert den Demonstranten an déi hu Journaliste vun de rietskonservative Medien "Apollo News" a "Junge Freiheit" attackéiert. Wéi d'Spriecher vu "Widersetzen" duerno op enger Pressekonferenz drop ugeschwat goufen, hu se dës Aktioun awer justifiéiert, amplaz se ze verurteelen.
A genee aus där Pressekonferenz ass och d'Foto, déi de Fred Keup gepost huet. Hien erkläert et esou:
Dat ass eppes, wat ee muss verurteelen. An et huet mech am Fong gewonnert, dass de Fakt, dass do an Däitschland Journaliste vu Lénksextremisten ugegraff ginn, an dass dat vun deene Leit do op där Pressekonferenz och nach gutt geheescht gëtt, dass dat mol keen Theema war. Och hei. Ech mengen, wa Journalisten ugegraff ginn ass jo awer soss ëmmer eppes, wou d'Zeitungen driwwer schreiwen. Hei ass dat net geschitt. Dat wonnert mech. An ech wollt am Fong dorobber opmierksam maachen, wat do geschitt. An dass een einfach oder eng Kéier muss seriö kucken. Déi Leit déi do sëtzen, sinn d'ailleurs och a Gruppen, déi vum Verfassungsschutz an Däitschland iwwerwaacht ginn.
Op dem Video selwer ass awer ze erkennen, dass ee vun den Aktiviste warscheinlech een Trans-Mann ass. Do kritt dat Wuert "Freaks" dann awer e schlechte Bäigeschmaach.
Fir de Fred Keup hat dat awer näischt mat der Saach u sech ze dinn:
Nee, dat war guer net de Sënn an Zweck dovunner. Et ass natierlech relativ skurril, dat Ganzt, wéi se do sëtze mat där gëllener Dësch-Napp do. Dat gesäit scho relativ skurril aus, duerfir hunn och an Däitschland Journaliste vun der "Welt" dat "Freak-Show" genannt. Mee et ass mer elo guer net drëm gaangen. Duerfir hunn ech jo och keng Foto gepost, mee e Video, wou een och héiert, wat se soen. An, jo, gutt, ech verstinn, dass d'Leit net ëmmer alles suivéieren an da vläicht dat net matkruten, och well leider net bericht ginn ass doriwwer, wat do geschitt ass, oder vläicht net genuch, oder d'Leit eeben net alles matkréien, wat ech och verstinn. Mee et ass drëms gaangen, wat do gemaach ginn ass a si dat verdeedegen, an et ass net drëms gaangen, wien déi Leit do perséinlech sinn.
De Virfall huet iwwregens iwwer d'Parteigrenzen eraus Kritik ausgeléist. Politiker an de Journalisteverband hunn d'Attacke verurteelt a betount, datt Gewalt géint Employéen am Medieberäich net ze rechtfäerdege wier – egal wéi eng politesch Linn e Medium vertrëtt. Och d'Linkspartei an Däitschland huet sech mëttlerweil vun den Attacken distanzéiert an ënnerstrach, datt Protest nëmme friddlech dierf sinn.