
Wéi d’Police schreift, gouf wuel Boergeld geklaut.
E weideren Abroch an eng Wunneng an engem Appartementshaus gouf et zu Mamer an der Rue Raoul Follereau. Och hei gouf Boergeld matgoe gelooss.
Och aus Autoe goufe Saache geklaut
Zu Miersch goufen e Méindeg direkt e puer Autoen opgebrach. Et konnten zwee presuméiert Täter gepëtzt ginn.
Am Garer Quartier an der Stad goufen och zwee Autoen opgebrach, méi genee an der Rue André Duchscher. D’Täter konnte bis ewell net ermëttelt ginn.