De CGDIS melltBei Accidenter goufen e Freideg den Owend dräi Persoune blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt fir e Freideg den Owend an d'Nuecht op e Samschdeg dräi Blesséierter op eise Stroossen.
© RTL-Archiv

Géint 16.50 Auer gouf zu Gëtzen an der Rue du Windhof eng Persoun bei engem Autosaccident blesséiert. Weider Gefierer waren net involvéiert.Eng Ambulanz vu Stengefort war op der Plaz.

E weidere Blesséierte gouf et da géint 17.20 Auer zu Rodange an der Rue du Clopp. Hei war e Motocyclist gefall an huet vun enger Péitenger Ambulanz misse versuergt ginn.

Géint 18 Auer ass op der Areler Autobunn tëscht dem Briddel a Capellen ee weideren Auto accidentéiert. Hei gouf och eng Persoun blesséiert, déi vun enger Ambulanz vu Mamer versuergt gouf.

Keng Blesséierter gouf et an der Nuecht, wéi an der Stad um Val des Bons-Malades géint 2.30 Auer een Auto gebrannt hat. Och eng Wäschmaschinn, déi géint 3 Auer zu Esch an engem Keller Feier gefaangen hat, konnt geläscht ginn, ouni datt et Blesséierter gouf.

Um 10.29 Auer louch an der Rue des Romains zu Stroossen dann och nach een Auto op der Kopp, ma och hei gouf et keng Blesséierter.

Fir 11.39 Auer mellt de CGDIS dann nach ee Blesséierten tëschent Nidderkuer an der Zowaasch. Hei ass en Automobilist widdert e Bam gerannt. Rettungsekippe vun Esch a vu Suessem-Déifferdeng waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO