
De Beamten ass an engem Auto en dach penetrante Cannabisgeroch opgefall. Wärend d’Pabeiere vum Chauffer an Auto kontrolléiert goufen, huet eng Persoun probéiert sech ze Fouss duerch d’Bascht ze maachen. D’Beamte konnten dësen awer pëtzen an hunn 350 Gramm Cannabis bei him séchergestallt. E gouf verhaft. Bei der Poursuite huet ee Policebeamte sech liicht verwonnt.
Alkohol um Steier
An Automobilist war an der Nuecht op en Dënschdeg zu Leideleng am Zickzack ënnerwee. Den Auto konnt op der Héicht vun der Rue du Château vun enger Policepatrull gestoppt ginn. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.