InstitutiounekommissiounBei Auslännerwalrecht an eenheetleche Walbezierk leie Positioune wäit auserneen

Pit Everling
Viru kuerzem hunn déi verschidde Fraktiounen a Sensibilitéiten hir Positiounen a punkto Reform vun Walgesetz presentéiert.
© AFP

Institutiounekommissioun / Reportage: Pit Everling

D’Digitaliséierung vun de Walen, d’Trennung vun de Mandater, d’Gréisst vum Parlament oder nach d’Auslännerwalrecht. Viru kuerzem hunn déi verschidde Fraktiounen a Sensibilitéiten hir Positiounen a punkto Reform vum Walgesetz presentéiert. E Méindeg de Moie gouf et an der parlamentarescher Institutiounekommissioun en éischten Echange. Den Haaptconstat ass deen, datt bei de wichtege Punkten d’Positioune wäit ausernee leien.

Mat wichtege Punkte sinn déi grondsätzlech Reformpropose gemengt, fir déi d’Verfassung misst geännert ginn. Do wëll d’Majoritéit net dru goen, wat d’Oppositioun zum Deel bedauert. Sou och d’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert:

“Ech regrettéieren, dass op deene grondsätzleche Froen hei schonn souzesoen ofgeblockt ginn ass mam Argument, dass dat géif bedeiten, dass een un d’Constitutioun muss dru goen.”

Gemengt sinn notamment den eenheetleche Walbezierk an d’Auslännerwalrecht.

2015 gouf et via Referendum déi rout Kaart fir d’Matbestëmmung vun den Net-Lëtzebuerger bei de Chamberwalen.
10 Joer dono kéim een net dolaanscht, déi Diskussioun iwwer den Demokratiedefizit erëm ze féieren, soen zum Beispill d’LSAP, déi Lénk awer och déi Gréng an hir Deputéiert Sam Tanson:

“Jo, mir haten e Referendum, dee war ganz, ganz kloer virun 10 Joer, mee dat heescht net, dass een net eng Diskussioun muss weiderhin doriwwer féieren. Dat ass och eng vun onsen Demanden, dass mer eis do Moyene ginn, fir mat der Populatioun zesummen ze kucken, wéi een de Rescht vun der Bevëlkerung kann mat abannen.”

D’Majoritéit an och d’ADR wénken a priori of. Fir de Fred Keup ass et wichteg, datt d’Resultat vum Referendum vun 2015 weiderhi respektéiert gëtt. D’Majoritéit steet engem eenheetleche Walbezierk skeptesch géintiwwer. D’Parteie vun der politescher Gauche maache sech awer fir sou e Changement staark.
Fir de Marc Baum vun Déi Lénk huet déi representativ Demokratie nämlech den Hick:

“Mer stelle fest, datt dës Regierung, déi zwou Majoritéitsparteien, just eppes ënner 47% vun de Stëmme kruten an an der Chamber awer iwwer 58% vun de Sëtz hunn.”

Bei de Positionéierunge géingen d’Parteie kucken, wou si selwer am beschten ewech kéimen, stellt de Pirat Sven Clement fest:

Ech mengen do ass, wéi ech gesot hunn, jiddereen, deen d’Rechemaschinn eraushëlt a selwer mol fir sech ausrechne wëllt, wou kommen ech am beschten ewech.”

Da gëtt et eng Diskussioun iwwer d’Gréisst vun der Chamber. Gi 60 Deputéiert duer? Ënner anerem d’ADR seet “Nee”.
Dozou de Fred Keup:

“E Parlament, wat nach ëmmer zu 60 ass, wéi dat an den 80er Jore war, dat geet haut net méi duer. Iwwerall schaffen haut méi Leit wéi an den 80er Joren. Mir hu vill méi Awunner, mir hu vill méi Aarbecht, mir hu vill méi Gesetzesprojeten.”

Wou wuel eng Diskussioun méiglech ass, ass bei den Duebelmandater, respektiv dem Vollzäit-Deputéierten. Datt de Vott an Zukunft digital soll oflafen, do dierft et souguer e prinzipielle Konsens ginn. Och wann iwwer déi praktesch Detailer nach muss geschwat ginn, sou de President vun der Institutiounekommissioun Laurent Zeimet. Beim Auslännerwalrecht a bei de Walbezierker ass den CSV-Politiker skeptesch, datt d’Parteien op e gemeinsamen Nenner wäerte kommen:

“Dat sinn déi grouss Froen, déi eeben an der Verfassung verankert sinn. Wann een dat wëll änneren, da brauch ee jo och eng zolidd Majoritéit an der Chamber. An no haut de Moie gesinn ech déi am Moment net, datt mer iwwerhaapt déi Stëmmen hätten, fir d’Verfassung an deem Sënn kënnen ze änneren.”

Am Mee wëllen d‘Deputéiert eng nächste Kéier an der genannter Kommissioun de Point maachen.

Back to Top
CIM LOGO