
Beim Bankomat, deen e Freideg zu Reisduerf gesprengt gouf, wiere keng Sue geklaut ginn. Dat erkläert e Spriecher vun der Spuerkeess e Méindeg de Moien. Zwar wier et den Täter gelongen, de Bankomat aus der Mauer ze sprengen, ma un d’Sue selwer wiere se net komm, an et wier beim Materialschued bliwwen.
Souwisou kéint een, de Fall gesat, mat de geklaute Suen näischt ufänken, well déi zerstéiert ginn, erkläert de Spriecher. Se géife verfierft a wieren domat net méi ze benotzen.
An der Nuecht op e Freideg de 17. Januar 2025 hat jo e Grupp Onbekannter zu Reisduerf bei der Gare e Bankomat gesprengt. D’Police huet d’Ermëttlungen opgeholl. D’Explosioun war esou hefteg, dass d’metalle Karkass vum Bankomat duerch d’Wucht vun der Explosioun an d‘Gebai vun der Gare eragedréckt gouf.
Glécklecherweis gouf bei der Detonatioun kee blesséiert. D’Ermëttlungen zu dësem Fall lafen, d’Police sich heizou ëmmer nach Zeien.