
Den Andriy Melnyk ass de fréieren Dirigent vun der Organisatioun vun den ukraineschen Nationalisten (OUN), deen zanter 61 Joer zu Bouneweg begruewe war. D’Exhumatioun d’lescht Woch war op Demande vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj geschitt. Hien huet si “embleematesch Ukrainer” genannt.
D’Koppel gouf e Méinden um Nationale Militärkierfecht bei Kyiv erëm begruewen. De Melnyk huet wärend dem Zweete Weltkrich mat Nazidäitschland zesummegeschafft, wat hien als Alliéierte géint d’Sowjetunioun gesinn huet. Verschidde Membere vun der OUN sollen deemno och un der Juddeverfollgung an der Ukrain deelgeholl hunn.
Een Argument vum russesche President Wladimir Putin fir de Krich an der Ukrain ass jo déi soi-disant Entnazifizéierung. Bei der Exhumatioun d’lescht Woch ware keng Vertrieder vun der Lëtzebuerger Regierung dobäi. De Lëtzebuerger Ausseministère confirméiert, datt den Ambassadeur am Kontext vun där Exhumatioun convoquéiert ginn ass.