Fra 2014 dout a Bidde fonntVerurteelten duebele Mäerder wéinst Mord u Mamm inculpéiert

RTL Lëtzebuerg
E Mann, dee scho wéinst dem Mord u senger Schwëster an hirem Mann verurteelt ass, gëtt elo och verdächtegt, seng Mamm vergëft ze hunn.
Biller vun der Enquête aus dem Joer 2016
Biller vun der Enquête aus dem Joer 2016
© RTL

De Parquet Lëtzebuerg deelt mat, datt et Fortschrëtter an enger aler Enquête gëtt. Dat ëm den Doud vun enger deemools 56 Joer aller Fra zu Bäreldeng. Si war am August 2014 dout an hirer Buedbidden zu Bäreldeng fonnt ginn. Elo gouf de Bouf vun der Fra wéinst Parricide vum Instruktiounsriichter inculpéiert. Hie steet ënner Verdacht, seng Mamm vergëft ze hunn.

De Parquet preziséiert, datt de Mann schonn am Prisong ass. Hie sëtzt eng liewenslaang Strof wéinst dem Gëftmord u senger Schwëster an där hirem Mann of. Et handelt sech ëm de fréiere Polizist Gilles L. Am September 2016 hat hien hinnen Zyankali an den Aperitif gemaach. Kuerz dono ware si an engem Appartement zu Bäreldeng gestuerwen. De Gilles L. hat wärend dem Prozess 2020 zouginn, datt hien d'Gëft um Darknet bestallt an et an d'Gedrénks gemëscht hat. Hien hätt allerdéngs net gewollt, datt seng Schwëster a säi Schwoer géinge stierwen. Hien hätten hinne wëllen d'Vakanz verdierwen, aus där hien ausgeluede gouf. Him wier dat falscht Gëft geliwwert ginn.

Well hie selwer Polizist war, hat '’Inspection générale de la police (IGP) d'Enquête deemools iwwerholl.

D’Instruktioun wéinst dem méigleche Mord un der Mamm war 2018 opgemaach ginn a gouf zejoertoer nei relancéiert. Dësen Dossier géif ënnersträichen, wéi wichteg d'Aarbecht um Fong an net geléiste kriminellen Affäre wier, an datt d'Zäit net ëmmer e Facteur wier, dee géint weiderféierend Enquête géing schwätzen, wann nach Froen onbeäntwert wieren.

D'Schreiwes vum Parquet

RTL hat am Hierscht 2016 vun der Plaz bericht

RTL-Reportage aus dem Oktober 2016
De 25. September 2016 waren d'Läiche vun der Schwëster vum Beschëllegten an hirem Mann fonnt ginn.

RTL huet 2020 och iwwert de Prozess géint de fréiere Polizist bericht

Duebelmord vu Bäreldeng
Den deemolege Polizist war ugeklot, am September 2016 seng 30 Joer al Schwëster an där hiren 31 Joer ale Mann vergëft ze hunn.

Am Juli 2020 gouf d'Urteel an der Affär ëm den Doud vun der Schwëster an hirem Mann geschwat

Liewenslängleche Prisong fir Ex-Polizist
D’Urteel gouf geschwat an der Affär ëm en Ex-Polizist, deen am September 2016 zu Bäreldeng seng Schwëster an där hire Kolleeg mat Gëft ëmbruecht huet.

Back to Top
CIM LOGO