Den CGDIS melltZwee Bränn an zwee Accidenter en Donneschdeg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Vegetatioun an en Daach waren a Brand geroden. Bei den zwee Verkéiersaccidenter ass eng Persoun blesséiert ginn.
© Laurent Weber

Géint 14:20 Auer war et zu Colmer-Bierg en Accident tëscht zwee Gefierer, bei deem eng Persoun blesséiert ginn ass. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Colmer an d'Ambulanz vun Ettelbréck.

Kuerz no 15:30 Auer hat et zu Kënzeg an der Rue de la Gare ënnert engem Daach gebrannt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Käerjeng, Péiteng, Koler a Suessem an Déifferdeng, grad esou wéi d'Ambulanz vu Stengefort.

Nëmme puer Minutte méi spéit gouf en Accident gemellt tëscht Kauneref an Noutem, bei deem et beim Materialschued blouf.

Kuerz viru 16 Auer hat tëscht dem Potaschbierg a Gréiwemaacher (lieu-dit Longkaul) Vegetatioun gebrannt. D'Pompjeeë vu Fluessweiler an d'Ambulanz vu Mäertert waren do op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO