
Fir nächste Méindeg den Owend ass eng Krisesëtzung aberuff. En Donneschdeg de Moie kruten d'Produzente vun der Molkerei EKABE vun hirer Direktioun matgedeelt, datt de Betrib zu Eescheler den aktuelle Kontrakt mat de knapp 70 Baueren vun der Genossenschaft net méi verlängere wëllt. Eng Fermeture ass awer net geplangt.
An der Praxis heescht dat, datt vun Ufank bis Mëtt d'nächst Joer keng Lëtzebuerger Mëllech méi fir d'Produite vun der Molkerei verschafft géif ginn. D'Mëllech géif deemno aus dem Ausland importéiert fir hei zu Kéis, Ram a weider Produite verschafft ze ginn.
Als Argument kruten d'Bauere reng wirtschaftlech Grënn genannt. D'EKABE gehéiert zanter 1989 zu der franséische Multinationale Lactalis. Den Ament liwwere knapp 70 Lëtzebuerger Bauerebetriber all Joer eng 50 Millioune Liter Mëllech un d'Molkerei zu Eescheler.