KopleschtNeie PAG stierzt d’Briddeler "Berliner Mauer"

Monique Kater
Déi illegal opgeriichte Mauer ass ofgerappt ginn an den neie Bebauungsplang erlaabt just nach Maueren, déi héchstens 80 Zentimeter héich sinn.
Entretemps ass déi villdiskutéiert Mauer ewechgerappt ginn
Entretemps ass déi villdiskutéiert Mauer ewechgerappt ginn
© RTL Mobile Reporter

Ronn annerhalleft Joer nom Baustopp op engem Chantier an der Cité Worré um Briddel ass déi illegal opgeriichte Mauer elo ofgerappt ginn. De Proprietär hat géint d’Baugeneemegung vun der Gemeng verstouss an, esou den Architekt, géint säi Rot decidéiert, den Terrain hannert sengem Haus mat vill ze héije Bëtongs-Wänn aus der Pente erauszehuelen.

Am Fall wou d’Mauer net ewech kéim, géing ee viru Geriicht, sou de Buergermeeschter Thierry Schuman ugangs vum Joer. Dat schéngt dann elo net méi néideg. Den Architekt vum Bauhär erkläert vis à vis vun RTL, d’Mauer géing ganz verschwannen an et kéim och keng aner an d’Plaz. Hannert dem Haus wier den Terrain op enger Déift vu ronn 20 Meter riicht an da géing een an engem 30 Grad Wénkel bis erof un de Bësch goen.

Den neie PAG vu Koplescht wier a senger leschter Ligne droite, heescht et aus der Gemeng, déi op den OK vum Inneministère waart. De Bebauungsplang géing elo och keng annerhallef Meter héich Mauere méi erlaben, mee just nach där vun 80 Zentimeter.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO