
Well Asbestfaere kéinten derbäi sinn, solle Stëbs oder Äschen op Terrassen, Trottoiren oder Gaardemiwwelen net dréche gekiert oder ewechgeblose ginn. Recommandéiert gëtt, all Flächen nëmme fiicht ze botzen oder mat wéineg Waasserdrock ofzespullen.
Wa Brochstécker vu Placken oder aner verdächteg Deeler fonnt ginn, däerfen dës net ugepaakt oder beschiedegt ginn, well dobäi Faseren an d’Loft kënne geroden.
Uebst, Geméis a Kraider aus dem eegene Gaart kënne weider consomméiert ginn, mussen awer grëndlech gewäsch oder geschielt ginn.
Déi däitsch Autoritéite recommandéieren och, Stroosseschong virun der Wunneng auszedoen, fir kee Stëbs mat eran ze droen. Autoe sollen net dréche gebotzt ginn, mee am beschten an enger Wäschanlag gerengegt ginn oder virdru gutt mat Waasser ofgespullt ginn.
Hausdéieren, déi dobausse waren, solle virum Eragoen an d’Haus ofgebiischt oder mat engem fiichten Duch ofgewëscht ginn.