Soll probéiert hunn, Kleeder ze klauen33 Joer alen Algerier vu Lëtzebuerger Police un däitsch Bundespolizei iwwerginn

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moien gouf zu Wasserbilligerbrück een 33 Joer alen Algerier vun der Lëtzebuerger Police un déi däitsch Autoritéiten iwwerginn.
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

Den 33 Joer ale Mann gouf gesicht, nodeems d'Amtsgericht Kassel een Untersuchungshaftbefeel géint hien ausgesprach hat. Der Uklo no soll hie probéiert hunn, mat Gewalt Kleeder aus engem Buttek zu Kassel ze klauen, wat him awer net gelongen ass. Hie soll dobäi och dem Sécherheetspersonal vum Geschäft géigeniwwer Gewalt agesat hunn an ee vun hinnen un der Hand blesséiert hunn. De Beschëllegten ass iwwerdeems och net fir de Prozess viru Geriicht opgedaucht.

De Mann gouf no der Iwwergab zu Wasserbilligerbrück engem Riichter presentéiert a koum dunn an e Prisong an der Géigend.

Back to Top
CIM LOGO