Kadmium am IessenE Gesondheetsproblem a Frankräich, mee wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?

Sibila Lind
A Frankräich schléit d’Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet Alarm: Vill Mënsche sinn ze héije Konzentratioune vu Kadmium ausgesat. RTL huet nogekuckt wéi d'Situatioun hei am Land ass.
© Envato

Enn Mäerz huet déi franséisch Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet eng dréngend Warnung erausginn: Bal d’Hallschent vun de Fransouse wier ze héije Konzentratioune vu Kadmium ausgesat. Kadmium ass e gëftegt Schwéiermetall, dat als karzinogen klasséiert ass. Et sammelt sech lues a lues am Kierper un, virun allem an den Nieren a Schanken, a gëtt nëmme ganz lues ausgescheet. Eng laangfristeg Belaaschtung gëtt ënner anerem mat Niereschied, Osteoporos an engem méi héije Risiko fir verschidde Kriibsaarten a Verbindung bruecht. Och d’Fruchtbarkeet ka beaflosst ginn.

Wéi kënnt Kadmium an d’Iessen?

Kadmium kënnt natierlech am Buedem, am Waasser an an der Loft vir. Industriell Aktivitéiten an d’Landwirtschaft hunn awer dozou bäigedroen, datt d’Konzentratioune geklomme sinn. Besonnesch d’Notzung vu Phosphat-Dünger spillt dobäi eng Roll, well dës Dünger Kadmium enthalen a sech de Stoff esou mat der Zäit am Buedem usammelt. Vun do aus kënnt d’Metall an d’Liewensmëttelketten. Planze wéi Weess, Gromperen, Geméis oder Kakao huelen et op.

Firwat ass d'Situatioun a Frankräich problematesch?

A Frankräich kënnt de gréissten Deel vun der Kadmium-Belaaschtung duerch d’Iessen. Eng Ursaach ass d’Notzung vu Phosphat-Dünger, deen aus Regiounen importéiert gëtt, wou de Kadmiumgehalt héich ass. Dobäi kënnt, datt Frankräich méi héich Wäerter fir Dünger erlaabt wéi déi europäesch Recommandatiounen.

A wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?

Zu Lëtzebuerg halen d’Autoritéite sech un déi europäesch Reegelen. D'ALVA huet an de Kontrollen iwwer déi lescht Jore keng Problemer identifizéiert. Tëscht 2009 an 2024 goufen iwwer 1.500 Liewensmëttelprouwe getest. Nëmme bei e puer Prouwe sinn déi gesetzlech Grenzen iwwerschratt ginn. Méi héich Wäerter gouf ënnert anerem bei Narung fir Puppelcher op Basis vu Weess, Shiitake-Champignonen, Kakaopolver, Spinat a Mier-Alge festgestallt. An esou Fäll goufen d’Produiten awer vum Marché geholl. Eng europäesch Etüd aus dem Joer 2022 weist och, datt Lëtzebuerg däitlech manner betraff ass wéi d’Nopeschlänner. Nëmme 4,6 Prozent vun den Erwuessenen hate méi héich Kadmium-Wäerter, géintiwwer 38 Prozent a Frankräich.

Wéi kann een d’Belaaschtung reduzéieren?

Dem Gesondheetsministère no ass déi wichtegst Mesure: mam Fëmmen ophalen an och d'Passiv-Fëmmen evitéieren. Donieft soll ee sech ofwiesslungsräich an equilibréiert ernären. Op verschidde Liewensmëttel komplett ze verzichte wier net néideg. Fir Leit, déi hiert eegent Geméis ubauen, gëtt recommandéiert, virsiichteg mat Dünger ëmzegoen an de Buedem testen ze loossen, wann et Verdacht op Kontaminatioun gëtt.

Infobox

Den Nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) bedeelegt sech aktuell un enger europäescher Etüd, fir d’chemesch Belaaschtung vun der Bevëlkerung besser ze analyséieren.

Méi Informatioune fannt Dir hei!

Back to Top
CIM LOGO