Wat déi traditionell paritéitesch gréng Duebelspëtzt ugeet, hätt een natierlech virum Kongress vill parteiintern diskutéiert. Mä d’Sam Tanson wier scho laang an der Verantwortung, sou wier et logesch, datt ee mat enger Spëtzekandidatin géing an d’Wale goen.
Déi Gréng wieren och kee Juniorpartner. Et wier een op Aenhéicht mat den anere Koalitiounsparteien, well een 2018 gestäerkt aus de Wale gaangen ass.
D’Sondagë wiere keng Suerg, éischter wéilt een an den nächste Méint um Programm schaffen. D’Sam Tanson sot, datt si hire Kanner eng Zukunft mat propperer Loft a Waasser a schéine Bëscher wéilt sécheren. Do wier een déi Partei mat den néidege Kompetenzen.
D’Stëmmung wier och gutt an der Koalitioun. Datt een net ëmmer d’accord mat allem wier, géing dorunner leien, datt et jo 3 verschidde Parteie wieren.
Déi Gréng wëllen hir Theemen wéi Klima a sozial Gerechtegkeet no vir bréngen. Ee wichtege Sujet wieren d’Fräiheeten an d’Demokratie. Dat hätt ee mam Krich an der Ukrain elo gesinn. “Mäi Meedchen huet Ukrainer an der Klass, vill Kanner si mat deenen Ängschten direkt confrontéiert.” Dofir wëll een d’Ukrain och weider ënnerstëtzen.
Wat déi nächst Koalitioun ubelaangt, hätten déi Gréng keng Ausschloss-Krittären. D’Walprogrammer wieren hei wichteg a wéi et mat grénge Zukunftssujete wéi Fräiheet, Ëmwelt an och Heemecht doranner ausgesäit.
Mat der ADR gesäit déi gréng Spëtzekandidatin keng Méiglechkeet vun enger Koalitioun. Där Partei hir Wäerter géinge à l’opposé leien, vun deenen, fir déi si hiert ganzt Liewe gekämpft hätt wéi de Schutz vu Minoritéiten zum Beispill. Och bei Déi Lénk misst een där hir aktuell Vuen an internationale Froen a Betruecht zéien.
Et misst ee wéi gesot d’Walprogrammer kucken, et hätt ee 4 grouss Parteien an d’Land bräicht eng stabil Koalitioun.
D’Sam Tanson ass déi éischt national Spëtzekandidatin an der Geschicht vun der Partei a gouf eestëmmeg ugeholl. Domadder sinn déi Gréng prett fir an d’Startlächer.
Mä vu vir: 2002 bis 2004, do stoung d’Sam Tanson nämlech nach hannert dem Mikro an hat deemools als Journalistin scho spéider Parteikolleegen am Interview. Och e groussen Interessi fir d’Kultur. Dat sollt herno och eng motivéiert Kulturministesch ausmaachen, déi sech esouwuel fir d’Konscht, wéi och de Patrimoine asetzt. Haut a Form vun Denkmalschutzgesetzer a Kulturentwécklungspläng. Deemools waren et nach Kulturemissiounen op der Tëlee.
Direkt duerno geet déi studéiert Juristin zeréck bei den Droit a schreift sech beim Barreau an. Politesch huet si sech iwwer d’Joren eropgeschafft a koum 2018 an d’Chamber. Nëmme 6 Méint awer, well déi nächst Wale stounge virun der Dier. An de leschte Chamberswalen konnt si hire Score vun 2013 verduebelen a louch domadder hannert dem François Bausch, deen hir politesch ëmmer nees op d’Spréng hëlleft.
Vun de Parteikolleegen gëtt si als “motivéiert” a virun allem “interesséiert” bezeechent. Och privat begéint ee si alt op Ausstellungen a kulturellen Eventer. D’Sam Tanson huet an hirer Positioun als Justizministesch ënnert anerem den Dossier Jugendschutz- a Strofrecht un d’Rulle bruecht.