Véier Permise wéinst ze vill Alkohol agezunnAccident zu Hunchereng, zwee Autoen a Schlaangelinnen ënnerwee an een ze séier duerch Mamer

RTL Lëtzebuerg
D'Beamte vun der Police hate vun e Freideg op e Samschdeg véier Asätz, bei deenen Automobilisten ze vill Alkohol gedronk haten.
Symbolbild

En éischte Chauffer huet e Freideg no engem Accident géint 20:10 Auer missen de Fürerschäin ofginn. Wéi d'Police mellt, war hinnen en Accident an der Route d'Esch zu Hunchereng gemellt ginn. Déi zwee Automobiliste goufen dobäi net blesséiert. Allerdéngs ass bei engem vun hinnen den Alkoholtest ze héich ausgefall, wouduerch de Permis fort war.

Am Garer Quartier an der Rue du Fort Wedell war iwwerdeem géint 2:10 Auer e Chauffer wéinst senger geféierlecher Fuerweis ugehale ginn. Och an dësem Fall hat den Automobilist ze vill Alkohol gedronk an de Fürerschäin gouf agezunn.

E weideren Automobilist, deen ze déif an d'Glas gekuckt hat an dowéinst de Permis ofginn huet, war géint 3:30 Auer op der A4 op der Héicht vun der Ausfaart Féiz a Richtung Stad gemellt ginn, well dësen a Schlaangelinnen ënnerwee war.

Géint 4:20 Auer gouf dann nach e Chauffer gemellt, deen ze séier duerch Mamer gefuer ass. Bei der Kontroll huet sech och hei erausgestallt, datt ze vill Alkohol gedronk gouf an de Fürerschäin gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO